Shape Bee Secure desktop

Däerf een dat soen ?

Den Internet ass kee rechtsfräie Raum, och hei gëllen national an international Gesetzer a Reegelen.

E wichtegt Recht ass d’Meenungsfräiheet. Geschützt duerch déi lëtzebuergesch Verfassung kënnt se awer och mat Flichten a Responsabilitéiten. Et gi juristesch festgeluechte Grenzen, déi ënnert anerem d’Aufgab hunn, d’Rechter vun anere Mënschen ze schützen.

Eng Grenziwwerschreidung ass den Opruff zu Haass an/oder zu Gewalt géint eng Persoun oder e Grupp vu Persoune wéinst enger bestëmmter Charakteristik:
intro
  • Hierkonft

  • Hautfaarf

  • Geschlecht

  • Alter

  • Sexuell Orientéierung

  • Familiär Situatioun

  • Geschlechtsupassung / Transgender

  • Gesondheetlechen Zoustand

  • Behënnerung

  • Sitten

  • Politesch a philosophesch Usiichten

  • Gewerkschaftlech Aktivitéiten

  • Tatsächlech oder vermeintlecht Zougehéieregkeet zu enger bestëmmter Ethnie oder Natioun.

(Artikel 454-457 aus dem Kapitel V vum Code Pénal)