Shape Bee Secure desktop

Daërf een dat soen ?

Elo ass et un dir!

Kuckt dir déi nächst Kommentaren un, déi an de leschte Joren esou bei der BEE SECURE STOPLINE gemellt goufen an entscheet DU, op dës Aussoen nach ënner Meenungsfräiheet fale sollen oder awer schonn eng Spuer ze wäit ginn! Et soll sech hei ëm deng eegen Aschätzung handelen, op’s du fënns datt dës Ausso ze wäit geet oder net. Du wäers feststellen, datt d’Grenz nët ëmmer ganz kloer ass tëschent deem wat een dierf soen an deem wat een net méi dierf.

No denger Entscheedung kriss du eng Erklärung, wéi d’BEE SECURE Stopline mat der Ausso ëmgaangen ass.

[Disclaimer: D’Aschätzung vun der BEE SECURE Stopline ass keng juristesch Aschätzung, op en Kommentar strofrechtlech relevant ass. D’Aschätzung baséiert op enger Konzeptanalyse an enger virleefeger Aschätzung, op dat nationaalt Recht Code Penal 454-457 verletzt gëtt. Op Basis vun dëser virleefeger Aschätzung gëtt dann entscheet, op e Kommentar un d ‘Autoritéite virugeleet gëtt oder net.]

1

Ech si kee Rassist, mee ech denken, datt mir duerch déi ganz Auslänner eis Identitéit verléieren.
Déi Schwuchtelen denken dach just u sech. Kee Mënsch brauch eng Schwulenhochzäit.
Sie kënne roueg heihi kommen, wann se sech eise Gesetzer upassen.
(Kommentar zu engem Kriminalakt zu Lëtzebuerg) [Dat war] bestëmmt kee Lëtzebuerger!

Lo geet et richteg lass: Rocker, Hooligans an Türsteher maache Juegd op Flüchtlingen an dat zu Köln. Lasst es krachen Jungs!

„brenn chamber brenn !“ 

centre Jo, legal

Ofginn