Däerf een dat soen ?
Den Internet ass kee rechtsfräie Raum, och hei gëllen national an international Gesetzer a Reegelen.
E wichtegt Recht ass d’Meenungsfräiheet. Geschützt duerch déi lëtzebuergesch Verfassung kënnt se awer och mat Flichten a Responsabilitéiten. Et gi juristesch festgeluechte Grenzen, déi ënnert anerem d’Aufgab hunn, d’Rechter vun anere Mënschen ze schützen.
Eng Grenziwwerschreidung ass den Opruff zu Haass an/oder zu Gewalt géint eng Persoun oder e Grupp vu Persoune wéinst enger bestëmmter Charakteristik:

Hierkonft
Hautfaarf
Geschlecht
Alter
Sexuell Orientéierung
Familiär Situatioun
Geschlechtsupassung / Transgender
Gesondheetlechen Zoustand
Behënnerung
Sitten
Politesch a philosophesch Usiichten
Gewerkschaftlech Aktivitéiten
Tatsächlech oder vermeintlecht Zougehéieregkeet zu enger bestëmmter Ethnie oder Natioun.
(Artikel 454-457 aus dem Kapitel V vum Code Pénal)