Shape Bee Secure desktop

Éischt Hëllef

Du bass selwer Affer gi vun Haass a Beleidegungen? Du bass Zeie gewiescht vu ganz schlëmmen an diskriminéierenden Aussoen géint e Mënsch oder eng Grupp vu Mënschen?

Ënnerstëtzung an eng anonym a vertraulech Berodung kriss du bei der BEE SECURE Helpline:
Tel. 8002 1234

Rassismus an aner diskriminéierend Inhalter kanns du bei der BEE SECURE Stopline mellen:
stopline.bee-secure.lu

Du kanns awer och eng Plainte bei der Police maachen:
www.police.lu

De Centre pour l’Égalité de Traitement (CET) ass däin Uspriechpartner bei all Froe ronderëm Diskriminéierung:
www.cet.lu