Shape Bee Secure desktop

Beschreiwung géint den Haass

Och du kanns mathëllefen, géint den Haass am Internet virzegoen !

Mellen

Vill sozial Netzwierker verfügen iwwer eege Buttons, iwwert déi ee kann onerwënschten Inhalter mellen. Rassismus esou wéi aner Forme vun Diskriminéierung kënnen awer och online an anonym bei der BEE SECURE Stopline gemellt ginn.

Plainte maachen

Wat offline strofbar ass, ass och online strofbar. Wichteg ass et, datt’s du Beweiser a Form vu Screenshots a Links hues.

Géigeried

Géigeried ass de Versuch fir aktiv géint d’Haasskommentare virzegoen! Esou kanns du de Leit, déi just matliesen, weisen datt den Haass op der Plattform net toleréiert gëtt. Dem Täter weis de och, datt seng Aussoen net einfach onbeäntwert bleiwen an dem Affer sees de dermat, datt se net eleng do stinn. Wichteg ass et just, datts de dech net selwer ugräifbar mëss. Pass also op wéi wäit datt’s du selwer wëlls goen!

Ignoréieren

Dëst kann a munche Fäll eng gutt Reaktioun sinn, fir datt den Auteur net d’Genugtuung kritt, datt säi Message iwwerall ukomm ass.

Bleif net eleng

Wann’s du selwer zum Affer gëss, da schwätz mat enger vertrauter Persoun iwwert deng Suergen, Gefiller an Ängschten. Eng professionell, anonym a vertraulech Hëllef kriss du och bei der BEE SECURE Helpline (Tel. 8002 1234)